2.500 EUR fir de Go|Support !

Déi Bartrenger Guiden a Scouten spenden 2.500 EUR (Erléis vum Adventsmaart 2016) un de Go|Support!

Dëst as e Fong, an deem mir Suë sammelen an deen eis et erméigleche soll, d’Rees vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner op eisen Internationale Guiden- a Scoutscamp „GoUrban 2017“ ze finanzéieren.

Méi Informatiounen iwwert de Go|Support : http://gourban.lgs.lu/go-support/

D’Chèqueiwwerreechung war den 8.4.2017 op eisem Scouts-Theater!

VILLMOOLS MERCI

1) all eenzelne „Client“ fir seng Ënnerstëtzung fir dëse Projet beim Kaf vun engem Adventskranz an/oder engem Arrangement

2) de Cheftainen a Chef, mee och all de Guiden a Scouten, hire Mammen, Pappen a Frënn e grousse Merci, déi beim Adventskränzmaachen, Opriichten, Verkafen an erëm Ofriichte gehollef hunn.

Artikel aus dem „Luxemburger Wort“ vum 18.4.2017: