8.4.2017: Scouts-Theater

Léif Leit! Léif Scouten! Léif Frënn!

E Samschdeg, den 8. Abrëll 2017, hu mir, d’Bartrenger Guiden a Scouten, eise Scouts-Theater 2017. D’Thema vun dësem Joer as „Klinik Saint-Exupéry“.

Eis 4 Branchen (Wëllefcher, AvEx, CaraPio a RaRo), mee och eis Cheffen, hu sech och dëst Joer erëm ganz vill Méi ginn fir Iech e flotten Nomëtteg an/oder Owend ze bereeden! Mir hu, wéi all Joer, erëm 2 Virstellungen: um 15:00 an um 20:00, an zwar zu Bartreng am „Centre Atert“.

Den Erléis geet dëst Joer un de Centre de Promesse Télévie Bartreng (liest hei d’Détailer), d’Chèqueiwwerreechung as um Groussen Dag vum Télévie, den 22.4.2017. Méi Info fannt Dir op Facebook.com/TelevieBartreng

Um Owend selwer hu mir och eis Chèqueiwwerreechungen vun 2.500 EUR un de Go|Support. Dëst as e Fong, an deem mir Suë sammelen an deen eis erméigleche soll, d’Rees op den Internationale Camp Go|Urban vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner ze finanzéieren (Détailer heivunner: klickt hei!). Nach emol villmools Merci un all déi Leit, déi eis um 1ten Advent ënnerstëtzt hunn.

Hei fannt Dir den Artikel a Fotoe vun eisem Scoutstheater vum leschte Joer: klick hei