Ouschtereeër-Aktioun ofgesot

Am Kader vun de weidere Mesurë vun der Regierung géint d’Verbreede vum Coronavirus, musse mir leider schwéieren Häerzens och eis Ouschtereeër-Aktioun ofsoen, ma d’Gesondheet vun all eenzelen an déi vun eise Matmënsche geet vir.

Desweidere rode mir dir, dech un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère ze halen:

  • dacks d’Hänn mat Seef a Waasser wäschen (minimum 20 Sekonnen),
  • an den Ielebou houschten an néitsen,
  • gebrauchten Nuesschnappecher an eng Dreckskëscht mat Deckel ze geheien.

a weider Info iwwert de Coronavirus fënns du um Site vum Gesondheetsministère: https://www.gouvernement.lu/coronavirus