{"id":43,"date":"2014-10-24T16:10:42","date_gmt":"2014-10-24T14:10:42","guid":{"rendered":"http:\/\/lgsbartreng.lu\/wordpress\/?page_id=43"},"modified":"2020-04-09T23:40:24","modified_gmt":"2020-04-09T21:40:24","slug":"avex","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/branchen\/avex\/","title":{"rendered":"AvEx (11 &#8211; 14 Joer)"},"content":{"rendered":"<h2 style=\"text-align: left;\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"size-full wp-image-1318 aligncenter\" src=\"http:\/\/lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2014\/10\/Br_Avex.png\" alt=\"Br_Avex\" width=\"692\" height=\"170\" srcset=\"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2014\/10\/Br_Avex.png 692w, https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2014\/10\/Br_Avex-300x74.png 300w\" sizes=\"auto, (max-width: 692px) 100vw, 692px\" \/><\/h2>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">&#8222;AvEx&#8220; ass d\u2019Ofkierzung vun <em>Aventuren<\/em> an <em>Explorer<\/em>, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, <strong>t\u00ebschent 11 a 14 Joer<\/strong>. Si erliewen Expeditiounen d\u00e9i iwwer m\u00e9i Versammlungen undaueren, mat Theme w\u00e9i z.B.: Natur, Ritter, Fuesend, &#8230;<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\"><strong><a style=\"text-decoration-line: none; font-size: 13px; text-align: justify;\" href=\"http:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/kontakt\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignright wp-image-2663 size-medium\" src=\"http:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2018\/06\/Kontakt-300x91.png\" alt=\"\" width=\"300\" height=\"91\" \/><\/a>D&#8217;AvEx treffe sech regelm\u00e9isseg, samschdes vu 16:00 bis 18:00<\/strong>, am Home fir eng Versammlung ze maachen. Si maachen och normalerweis all Trimester e Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. D&#8217;AvEx schl\u00e9issen d&#8217;Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen.<\/p>\n<h2 class=\"title\">D&#8217;AvEx-Method<\/h2>\n<div id=\"node-75\" class=\"node\">\n<div class=\"clearfix\">\n<div class=\"content\">\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">Och bei den AvEx g\u00ebtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, d\u00ebst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft wp-image-3279 size-thumbnail\" src=\"http:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2020\/04\/AvEx_rgb-700x700-1-150x150.png\" alt=\"\" width=\"150\" height=\"150\" srcset=\"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2020\/04\/AvEx_rgb-700x700-1-150x150.png 150w, https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2020\/04\/AvEx_rgb-700x700-1-300x300.png 300w, https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2020\/04\/AvEx_rgb-700x700-1.png 700w\" sizes=\"auto, (max-width: 150px) 100vw, 150px\" \/>Hei g\u00ebtt de Jugendleche gepr\u00e4gt, wat seng sp\u00e9ider Weiderentw\u00e9cklung ubelaangt. Hie l\u00e9iert propos\u00e9ieren, decid\u00e9ieren, sech organis\u00e9ieren, sech anzesetzen, respekt\u00e9ieren, sech engag\u00e9ieren, am Grupp ze liewen an ze ag\u00e9ieren. D&#8217;Idealer, d\u00e9i him an d\u00ebser Altersstuf ugebuede ginn, sollen net onbed\u00e9ngt Regelen duerstellen, no deenen hie liewe muss, m\u00e4 sinn \u00e9ischter als Orient\u00e9ierungsh\u00ebllef geduecht, un deenen hie sech moosse kann. D\u00ebst ass eng vun de groussen Neierungen d\u00e9i op de Jugendlechen am AvEx-Alter duer k\u00ebnnt. Den AvEx kann, a soll, mat decid\u00e9ieren, wat an senger Trupp gemaach g\u00ebtt, d\u00ebst op eng demokratesch Aart a Weis.<\/p>\n<p><strong>D\u00e9<\/strong><strong>i eegen Iddi, d\u00e9i eege Meenung \u00a0<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">Den AvEx g\u00ebtt gel\u00e9iert an engem klenge Grupp Verantwortung ze iwwerhuelen an ze droen. Hie soll l\u00e9ieren, wat et heescht an esou engem Grupp ze ag\u00e9ieren, zum Beschte vun all Member vun d\u00ebsem Grupp. Dofir g\u00ebtt et bei den AvEx de\u00a0<em>Patrullesystem<\/em>, wou 5-7 AvEx zesumme schaffen, l\u00e9ieren, Freed hunn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">Et sinn d&#8217;AvEx an hir Patrullen, d\u00e9i selwer d&#8217;Theme vun de Versammlungen (<em>Expeditiounen<\/em>) festlee\u00ebn an e puer Woche mat d\u00ebser Thematik hant\u00e9ieren. Bei esou enger Expeditioun l\u00e9iert de Jugendlechen nei Techniken, sech mat spezifeschen Thematiken ausernaner ze setzen, a sech fir eppes ze engag\u00e9ieren, wat vl\u00e4icht nei fir hien ass. Zum Schluss vun der Expeditioun g\u00ebtt e <em>Bilan<\/em> gemaach, wou ee ka gesi wat gutt, respektiv manner gutt war, an esou seng pers\u00e9inlech an awer och allgemeng Konklusiounen z\u00e9ien. Den AvEx soll n\u00e4mlech l\u00e9ieren andeems hien eppes selwer prob\u00e9iert (<em>learning by doing<\/em>).<\/p>\n<p><a href=\"http:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/category\/medien\/avex-fotoen-a-video\/\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft wp-image-1033 size-thumbnail\" style=\"font-size: 13px;\" src=\"http:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2015\/07\/Foto-Icon-150x150.bmp\" alt=\"\" width=\"150\" height=\"150\" \/><\/a><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">Den AvEx soll l\u00e9ieren dass s\u00e4in Handelen net ouni Konsequenze geschitt. D\u00ebs k\u00ebnne positiver an awer natierlech och negativer Natur sinn. Esou g\u00ebtt prob\u00e9iert dem AvEx W\u00e4erter ze verm\u00ebttelen, d\u00e9i spiritueller, sozialer, \u00f6kologescher an \u00f6konomescher Natur sinn. Hie soll l\u00e9ieren dass et niewent him och eng helle Wull vun anere Leit ginn, an dass et am S\u00ebnn vum Guidissem a Scoutissem ass, dass all zesummen an Harmonie solle funktion\u00e9ieren.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">W\u00e4hrend sengen 3 Joer bei den AvEx g\u00ebtt de Jugendlechen dozou motiv\u00e9iert sech \u00ebmmer nees \u00ebnner Beweis ze stellen. D\u00ebst kann hien duerch eng Rei Ofzeeche maachen, d\u00e9i hie sech ka verd\u00e9ngen (<em>Badgen<\/em>). Awer och seng pers\u00e9inlech Entw\u00e9cklung g\u00ebtt net vernol\u00e9issegt, an esou kann de Jugendleche sech um Enn vu sengen 3 Joer als AvEx dozou beruff fillen, s\u00e4i <em>Verspriechen<\/em>\u00a0ofzelee\u00ebn, an domadder seng F\u00e4egkeeten a Kenntnisser och weiderhin dem Guidissem a Scoutissem ze widmen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\" align=\"justify\">Den AvEx soll l\u00e9ieren, dass de Chef, respektiv d&#8217;Cheftaine, e Kolleg ass a gl\u00e4ichz\u00e4iteg erkennen dass d\u00ebsen als Virbild ag\u00e9iere kann. D\u00ebst verlaang dacks vun de Cheftainen a Chef Fangersp\u00ebtzegefill, mat engem gew\u00ebssen KnowHow an der Jugendpsychologie, well si sech jo an dee Jugendlechen era versetze sollen.<\/p>\n<p style=\"text-align: right;\"><em>(Quell: lgs.lu)<\/em><\/p>\n<h2 style=\"text-align: left;\">Fir AvEx Fotoen a Video: <a href=\"http:\/\/lgsbartreng.lu\/wordpress\/category\/avex-fotoen-a-video\/\">klick hei<\/a> !<\/h2>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<div class=\"fcbkbttn_buttons_block\" id=\"fcbkbttn_left\"><div class=\"fcbkbttn_button\">\n\t\t\t\t\t<a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/lgsbartreng\" target=\"_blank\">\n\t\t\t\t\t\t<img decoding=\"async\" src=\"\" alt=\"Fb-Button\" \/>\n\t\t\t\t\t<\/a>\n\t\t\t\t<\/div><div class=\"fcbkbttn_like \"><fb:like href=\"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/branchen\/avex\/\" action=\"like\" colorscheme=\"light\" layout=\"button\"  size=\"small\"><\/fb:like><\/div><div class=\"fb-share-button  \" data-href=\"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/branchen\/avex\/\" data-type=\"button\" data-size=\"small\"><\/div><\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&#8222;AvEx&#8220; ass d\u2019Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, t\u00ebschent 11 a 14 Joer. Si erliewen Expeditiounen d\u00e9i iwwer m\u00e9i Versammlungen undaueren, mat Theme w\u00e9i z.B.: Natur, Ritter, Fuesend, &#8230; D&#8217;AvEx treffe sech regelm\u00e9isseg, samschdes vu&#8230;<br \/><a class=\"read-more-button\" href=\"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/branchen\/avex\/\">Mehr Lesen<\/a><\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":109,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"jetpack_post_was_ever_published":false,"footnotes":""},"class_list":["post-43","page","type-page","status-publish","hentry"],"jetpack_sharing_enabled":true,"jetpack_shortlink":"https:\/\/wp.me\/P8GwUP-H","post_mailing_queue_ids":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/43","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=43"}],"version-history":[{"count":55,"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/43\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":3286,"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/43\/revisions\/3286"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/109"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.lgsbartreng.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=43"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}