11./12. Juli 2015: Scouts-Wisefest mat Familljerallye

Wisefest3 Wisefest2 Wisefest Wisefest5
De Bartrenger Guiden a Scouten hiert Scouts-Wisefest, kuerz virum Enn vum Schouljoer, huet schonns eng laang Traditioun.

Eist Fest ass fir vill Leit zu engem feste Rendez-vous ginn, a soll fir si an och fir all d’Guiden a Scouten e flott Erliefnis an en Ofschloss-Fest vum Scouts-Joer sinn.

Samschdes mëttes haten d’Wëllefcher an d’AvEx zesumme mat e puer Flüchtlingen aus Syrien an aus dem Kosovo eng flott Versammlung mat e ganze Koup Spiller: Seefepisterutschen, Becher-Curling, Waassertransport, Béchseschéissen, Schungwäitschoss a Smarties-Transport.

Samschdes owes hate mir eng Open Air Mass mat ganz ville Leit aus der Gemeng. Méi spéit am Owend hu mir eis all bei d’Lagerfeier gesat an zesumme Scoutslidder an och anerer gesongen.

Sonndes moies hate mir eis 2t Editioun vun eisem Familljen-Rallye. Hei hunn 12 Equippe matgemaach a sinn iwwert 3 km am Duerf op 5 Statioune gestouss. Jiddereen, déi kleng Däbbessen an hier Elteren, huet sech gutt ameséiert.

Wisefest3

Nomëttes goufen et Spiller vun all Zort an eng cool Seelbunn! Souguer eis Klengst hunn sech drop getraut, mee och déi Grouss haten hire Spaass!Foto Icon