Branchen

BGS LogoBartrenger Guiden a Scouten

D’Bartrenger Guiden a Scouten gehéieren zum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (kuerz: LGS). D’LGS ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen.

Mir bidden de Kanner a Jugendlechen eng ganz Rei flott an usprochsvoll Aktivitéiten un. Nieft eiser Montée, dem Adventsmaart, Bazar, Theater, Ouschtereeëraktioun a Wisefest organiséiert all Branche hir Versammlungen, Sortie’en, Weekender a Camp’en, déi dann dem jeeweilegen Alter ugepasst sinn.

Mir hu 5 Branchen, déi a folgend Alterskategorien opgdeelt sin:

 

Learning By Doing

Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d’Selwermaache sti virop. Esou kréien d’Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

Ask the boy / ask the girl

Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren.

(Quell: lgs.lu)

LGS_pos_ho

wosmwagggs