Iwwert eis

LGS Bartreng

home001

eisen Home an der rue de la Fontaine zu Bartreng

Firwat den Numm LGS Bartreng? De Grupp Saint-Exupéry vu Bartreng gehéiert zum Verband vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ (kuerz: LGS). D’LGS ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d’LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 58 lokal Gruppe gëtt et am Land. D’LGS sinn ënnert anerem Member bei der „World Organization of the Scout Movement“ (kuerz: WOSM) an der „World Association of Girl Guides and Girl Scouts“ (kuerz: WAGGGS).

Déi Bartrenger Guiden a Scouten bidden de Kanner (ab 8 Joer) a Jugendlechen eng ganz Rei flott an usprochsvoll Aktivitéiten un. Nieft eiser Montée, dem Adventsmaart, Bazar, Theater, Ouschtereeëraktioun a Wisefest organiséiert all Branche hir Versammlungen, Sortie’en, Weekender a Camp’en, déi dann dem jeeweilegen Alter ugepasst sinn.

Mir hu 5 Branchen mat ronn 100 Bartrenger Guiden a Scouten, déi a folgend Alterskategorien opgdeelt sin:

Hei fënns du eisen Home:

Hei fënns du e Spot vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS):

E bëssen aus eiser Geschicht erzielt

1974

grënnen e puer Idealisten, dank de Beméiungen an ënnert der Leedung vun eisem fréiere Paschtouer an Aumônier Ferdy Fischer, zu Bartreng de Scoutsgrupp Saint-Exupéry. Déi Bartrenger Scouten fänke mat der Branche Wëllefcher un. Ganzer 15 Jongen bilden déi éischt Bartrenger Wëllefchersmeute. No de Wëllefcher ginn d’Scouten vum Belairer Grupp iwwerholl.

1975

gët de Grupp provisoresch an de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten opgeholl.

1977

gelengt de Bartrenger Scouten de groussen Duerchbroch an de René Gerard sëtzt déi 2 Branchen Explorer a Pionéier op d’Been. Vun deem Joer un kann de Grupp Saint-Exupéry vu Bartreng Kanner a Jugendlecher aus all Altersstufen ophuelen a mat hinnen eng wäertvoll, léierräich an interessant Jugendaarbecht leeschten.

1978

gëtt eise Grupp offiziell Member vum Verband opgeholl, ënnert dem Numm „Saint-Exupéry“. Elo hu mir 40 Bouwen a kréien eise Fändel.

Zerleeung

Zerleeung vun engem Pavillon vum Lycée Robert Schumann

1980

sinn déi Bartrenger Scouten op der Sich no engem Home. Duerch dem Här Ferdy Fischer seng Kontakter gët en Holzpavillon vum Lycée Robert Schumann um Lampertsbierg de Bartrenger Scouten gratis zur Verfügung gestallt. An 12 Deeg gët dëse Pavillon mat eegenen Hänn vu Scouten an anere Fräiwëllegen um Lampertsbierg zerluecht an op Bartreng transportéiert. Well de Pavillon no engem Baukastesystem opgebaut war, kann dësen och no e puer Varianten erëm opgebaut ginn. Ën as och relativ grouss (50 m x 11 m) an dofir gët décidéiert, en Deel vun den Elementer un d’Par ofzetrieden.

Rekonstruktioun

Rekonstruktioun vum Pavillon als Home zu Bartreng

1982

gët dann den éischte Grondsteen geluecht. Während 5 Joer schafft e Grupp Fräiwëlleger praktesch all Samschdeg un deem Bau. Vill Schweess a vill Asaz gët hei bruecht.

1985

stellt de Paschtouer Ferdy Fischer och nach de Guidegrupp Saints-Pierre-et-Paul op d’Been. Vun do un kënnen dann och d’Meedercher flott a léierräich Stonnen matenee verbréngen.

1987

kann den Home ageweit ginn!

2000

kënnt et dann zu der grousser Fusioun vun de Guiden a Scouten. Vun deem Joer un gëtt aus de Bartrenger Scouten Saint-Exupéry an de Bartrenger Guiden Saints-Pierre-et-Paul de Grupp

LËTZEBUERGER GUIDEN A SCOUTEN

GRUPP SAINT-EXUPERY BARTRENG

Haut

hu mir 5 Branche mat iwwert 100 Bartrenger Guiden a Scouten.

Philosophie

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

Learning By Doing

Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d’Selwermaache sti virop. Esou kréien d’Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

Ask the boy / ask the girl

Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren.

Dokumentatioun

LGS_pos_ho

wosmwagggs