CaraPio (14 – 17 Joer)

Br_CaraPio

CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. Am Verband vun den LGS ginn et zur Zäit bal 54 CaraPio-Truppen, mat 605 Jugendlechen an 186 Cheftainen a Chef. An eiser Trupp schaffe Meedercher a Jongen zesummen.

D´CaraPio treffe sech regelméisseg, freides vun 19:30 bis 21:00, am Home an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe ginn. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joer ass ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl ginn. Am Laf vum Joër ginn dann en etlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass.

  • Foto IconKenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knëppe vun internationale Frëndschaften
  • Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
  • d’Natur a senge Verschiddenheeten erliewen

Grenzen iwwerwannen: „Fuer duer“ ass de Sproch vun de CaraPio organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

D’CaraPio Method fannt dir op der CaraPio Säit vun den LGS (externe Link bei lgs.lu)

(Quell: lgs.lu)

Fir CaraPio Fotoën : klick hei !