Chefsäit

Vun lgsbartreng.lu e ganz décke Merci un all eis bénévol Cheftainen a Chef!

E Merci fir däi Schweess, deng geaffert Box, deng net geléiert Prüfungen, däin Net-Shoppe Samschdes mëttes zu Tréier, däi coolt Spill um Camp, är legendär Veillée um Weekend, deng Zäit, däi finanziellen Apport, deng Loscht, deng Motivatioun, deng Ausdauer, deng Laun, … fir ENG Saach: däin Engagement als Chef an / oder als Guide a Scout.

De Merci fir dësen Asaz: e Kannerlaachen, eng wëll Band, en onvergiessleche Camp, Kleeder, déi no Feier richen, Jonker, déi och wëlle Chef ginn, kee Frang derfir, Sträit mam Buergermeeschter oder Elteren, e gebrachene Fanger, eng Téitsch am Auto, Pakalu, Banann mat Schockela, e Liewe voller Erënnerungen, … .

All dat Positiivt iwwerweit wuel!QR Code BGS

„Mir wëlle kee Loun et ass OK“, sou gëtt am Lidd gesongen.

An awer: e Merci kascht näischt, mä ass net selbstverständlech.

MERCI!

(Quell: lgs.lu)

 BGS ownCloud LGS login 

weider Links op eiser Homepage: klick hei