RaRo (17 – 23 Joer)

Br_RaRoD’Ranger an d’Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joer. Si bilden déi iewescht Branche vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Hir Ziler sinn domat déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband. Mee, eleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.

D’RaRo treffe sech regelméisseg, samschdes vun 19:30 bis 21:00, am Home fir eng Versammlung ze maachen.

  • De Projet – De Projet ass bei der Route dat, wat bei de CaraPio d’Entreprise ass. Et ass e praktescht Ëmsetze vun der Scoutsmethod. Als Projet gëllen all méiglech Aktivitéiten awer dem Alter ugepasst. Et gëtt sech an Themen erageschafft a jiddweree soll Konsequenze fir seng eegen Haltung zéien. Beim Plange vum Projet huelen d’RaRo Responsabilitéiten un. Beim Ofschloss gëtt e Bilan gemaach. De Camp-Volant. D’RaRo sinn an engem Alter, wou si hirem Liewen eng Orientatioun musse ginn : se sinn ënnerwee. De Camp-Volant ass dowéinst eng ugepassten Aktivitéit fir eis Branche.
  • D’RaRo sinn an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d’Wiel vum Beruff, d’Wiel vun engem Liewenspartner an d’Wiel vun enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route as Ausdrock vun dësem sichen an ënnerwee sinn. D’Ziler vun der Route orientéieren sech un de Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sinn, Engagéiert-sinn a Chrëscht-sinn schaffen. Eis Method bidd dobäi e Kader. D’Method bei der Route ass eng altersgerecht Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nämlecht Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Aart a Weis fir se duerchzeféieren, wéi déi vun den anere Branchen. Mee bei eis ass den eenzelne méi gefuerdert, et ass eis wichteg, dass d’RaRo bewosst un hirer eegener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert : d’Liewen an engem Grupp.
    De Grupp wou d’RaRo sech treffen nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen. D’RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen. Mir schwätze vu Cogestioun. All RaRo mécht a senger Route-Lafbunn eng Progressioun mat.

  • Reliéis Aktivitéiten. De reliéise Beräich ass wahrscheinlech deen, wou déi mannste RaRo a Chef/tainen eenz ginn. Eng Hëllef dëst Thema unzegoen, bidden eis Thematesch Weekender. Gruppendynamesch Spiller. Dës Spiller hëllefen, sech den Haltungen a Situatioune bewosst ze ginn. Konflikter gin thematiséiert a net einfach verdrängt. Et gëtt eng kënschtlech Situatioun geschaf an där kee brauch Angscht ze hunn, säi Standpunkt ze vertrieden. Et bleift ëmmer nëmmen e Spill. Coéducatioun an Développement communautaire.
  • D’Gesellschaft entwéckelt sech ëmmer weider, an eist Mouvement muss sech lafend neien Erausfuerderunge stellen. Zwee Problemkreesser goufen esou an de leschte Joeren thematiséiert. D’Zesummeliewe vu Mann a Fra, an d’Gemeinschaft op lokalem, nationalem an internationalem Plang. D’Coéducatioun an den Développement communautaire bezeechnen eis Erzéiungsaarbecht op dësen zwee Gebidder
  • D’RaRo Method „Guide Routier“ kënnt dir am LGS-Shop kafen. De Präis ass 8 Euro. Also net ze deier.

(Quell: lgs.lu)