17.6.2017: Bartreng beweegt sech

Dëse Samschdeg ass et souwäit: da fënnt déi 14ten Editioun vum „Bartreng beweegt sech“ statt. Och d‘ Bartrenger Guiden a Scouten si vertrueden a wäerten ënnert anerem mat de Wëllefcher un de Start goen. Mir wënschen hinne Courage, datt si dësen Challenge gutt meeschteren! 💪 #BBSk17