30.6. – 1.7.2018: Scouts-Wisefest

Dëse Weekend ass de Bartrenger Guiden a Scouten hiert Scouts-Wisefest: Kanner-Olympiad, Lagerfeier, Famillje-Rallye, Spiller, Ateliers, Scouts-Konstruktiounen, Foussball-WM, Pakalu, Fierkel um Spiiss, Gegrills a Gedrénks.

Eist Fest ass fir vill Leit zu engem feste Rendez-vous ginn, a soll fir all d’Bartrenger Awunner, mee och fir all d’Guiden a Scouten e flott Erliefnis an en Ofschloss-Fest vum Scouts-Joer sinn. Komm och du laanscht!

Méi Info um Flyer