Dëse Samschdeg, 1.12.2018: Adventsmaart

Um Adventsmaart vun de Bartrenger Guiden a Scouten, ab 12:00 virun der Bartrenger Kierch, verkafe mir dëst Joer erëm folgendes :

  • Adventskränz
  • Kränz fir opzehänken
  • Chrëschtstraiss
  • Chrëschtarrangementer
  • Glühwäin

Eis Bartrenger Guiden a Scouten ginn och ab 14:00 erëm Adventskränz, Chrëschtstraiss an -Arrangementer duerch d’Bartrenger Stroosse verkafen.

Den Erléis ass natierlech erëm fir e gudden Zweck !  Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung !