BGS Quizowend

BGS Quiz – Edition 2024


Gudden Moien & Bonjour,

D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen Quizowend, den 30. März am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe hei op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.

 

Detailléiert Informatiounen fir d’Iwwerweisung vun der Partizipatioun kriss du an enger Mail no denger Umeldung!

Wéini ?
30. März 2024 18:30 Auer ginn d’Dieren op an um 19:00 Auer ass de Start vum Quiz

Wou ?
Centre Atert zu Bartreng

Bis wéini muss ech mech umellen ?
D’Umeldungen sinn bis den 23.03.2024 op.

Waat kascht et ?
De Präis inklusiv d’Iessen (e Pakalu) kascht 20€ pro Persoun. Et gëtt och eng vegetaresch Optioun.

Wéivill Leit kënnen maximal pro Team matmachen ?
Gespillt gëtt a Gruppen vun 4-6 erwuessene Leit.

 

Wann’s du innerhalb vun 5 Minutten keng Email krus, dann kontrolléier eng kéier däin Spam-Ordner! Eis Bestätegungsmail lant heiansdo gären am Spamfolder. Wannsde och hei keng fënns, kanns du eis gären eng Mail iwwer eisen Kontaktformulaire schreiwen an nofroen!

Mir freeën eis op iech!

 

    Numm vum Team. Dësen kann net méi geännert gi. Dësen ass wichteg fir eis Quizapp an wäert ëffentlech am Ranking ze gesinn sinn.

    Numm & Virnumm vum Teamchef

    Eng gülteg Emailadress vum Teamchef.

    Et ass wichteg, dass den Zoom- & Quizusername den nämlechten sinn!

    Handysnummer vum Teamchef.

    Wanns du nach Froen hues oder Zousatzinformationen lass wëlls ginn, dann kanns du eis dës hei matdeelen.