AvEx (11 – 14 Joer)

Br_Avex

„AvEx“ ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Si erliewen Expeditiounen déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Theme wéi z.B.: Natur, Ritter, Fuesend, …

D’AvEx treffe sech regelméisseg, samschdes vu 16:00 bis 18:00, am Home fir eng Versammlung ze maachen. Si maachen och normalerweis all Trimester e Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. D’AvEx schléissen d’Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen.

D’AvEx-Method

Och bei den AvEx gëtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, dëst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.

Hei gëtt de Jugendleche geprägt, wat seng spéider Weiderentwécklung ubelaangt. Hie léiert proposéieren, decidéieren, sech organiséieren, sech anzesetzen, respektéieren, sech engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren. D’Idealer, déi him an dëser Altersstuf ugebuede ginn, sollen net onbedéngt Regelen duerstellen, no deenen hie liewe muss, mä sinn éischter als Orientéierungshëllef geduecht, un deenen hie sech moosse kann. Dëst ass eng vun de groussen Neierungen déi op de Jugendlechen am AvEx-Alter duer kënnt. Den AvEx kann, a soll, mat decidéieren, wat an senger Trupp gemaach gëtt, dëst op eng demokratesch Aart a Weis.

i eegen Iddi, déi eege Meenung  

Den AvEx gëtt geléiert an engem klenge Grupp Verantwortung ze iwwerhuelen an ze droen. Hie soll léieren, wat et heescht an esou engem Grupp ze agéieren, zum Beschte vun all Member vun dësem Grupp. Dofir gëtt et bei den AvEx de Patrullesystem, wou 5-7 AvEx zesumme schaffen, léieren, Freed hunn.

Et sinn d’AvEx an hir Patrullen, déi selwer d’Theme vun de Versammlungen (Expeditiounen) festleeën an e puer Woche mat dëser Thematik hantéieren. Bei esou enger Expeditioun léiert de Jugendlechen nei Techniken, sech mat spezifeschen Thematiken ausernaner ze setzen, a sech fir eppes ze engagéieren, wat vläicht nei fir hien ass. Zum Schluss vun der Expeditioun gëtt e Bilan gemaach, wou ee ka gesi wat gutt, respektiv manner gutt war, an esou seng perséinlech an awer och allgemeng Konklusiounen zéien. Den AvEx soll nämlech léieren andeems hien eppes selwer probéiert (learning by doing).

Den AvEx soll léieren dass säin Handelen net ouni Konsequenze geschitt. Dës kënne positiver an awer natierlech och negativer Natur sinn. Esou gëtt probéiert dem AvEx Wäerter ze vermëttelen, déi spiritueller, sozialer, ökologescher an ökonomescher Natur sinn. Hie soll léieren dass et niewent him och eng helle Wull vun anere Leit ginn, an dass et am Sënn vum Guidissem a Scoutissem ass, dass all zesummen an Harmonie solle funktionéieren.

Während sengen 3 Joer bei den AvEx gëtt de Jugendlechen dozou motivéiert sech ëmmer nees ënner Beweis ze stellen. Dëst kann hien duerch eng Rei Ofzeeche maachen, déi hie sech ka verdéngen (Badgen). Awer och seng perséinlech Entwécklung gëtt net vernoléissegt, an esou kann de Jugendleche sech um Enn vu sengen 3 Joer als AvEx dozou beruff fillen, säi Verspriechen ofzeleeën, an domadder seng Fäegkeeten a Kenntnisser och weiderhin dem Guidissem a Scoutissem ze widmen.

Den AvEx soll léieren, dass de Chef, respektiv d’Cheftaine, e Kolleg ass a gläichzäiteg erkennen dass dësen als Virbild agéiere kann. Dëst verlaang dacks vun de Cheftainen a Chef Fangerspëtzegefill, mat engem gewëssen KnowHow an der Jugendpsychologie, well si sech jo an dee Jugendlechen era versetze sollen.

(Quell: lgs.lu)

Fir AvEx Fotoen a Video: klick hei !