Wëllefcher (8 – 11 Joer)

Br_Wellefcher

Effektiv, Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joer sinn immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléieren, entdecken, fuerschen…, och wann hautdësdaags verschidde gesellschaftlech Phenomener an Tendenzë probéieren, dëse Bediirfnësser vum Kand entgéint ze wiirken andeems se d´Erliefnëssfähegkeet versichen ze ënnerdrécken.

D’Wëllef treffe sech regelméisseg, samschdes vu 14:00 bis 16:00, am Home fir eng Versammlung ze maachen.

Mat Kanner aus dem Wëllefalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.

Wëllefchersmethode

Kuerzen Iwwerbléck:

Konzept a Philosophie vun der Wëllefchersmethod: Symboleschen Hannergrond vun der Wëllefchersmethod as nach ëmmer dem Rudyard Kipling säin „Dschungelbuch“. An dëser Geschicht gët e Jong, de Mowgli, am Dschungel ausgesat, gët vun den Déieren aus dem Dschungel opgeholl a geréit dann do an de Mëttelpunkt. Mir wëllen dëse Mowgli op séngem Wee zum Erwuessegi begleden. Dacks huet hien et nët einfach op dësem Wee a geréit vun engem Abenteuer an dat anert. Mee séng Frënn aus dem Dschungel stin him daper zur Säit. Dës Geschicht, déi u sech vill Parallelen zu eiser Gesellschaft opweist, liwwert nët nëmmen e flotten, abenteuerlechen a kandsgerechte Kader, mee huet doriwwer eraus och nach e ganze Koup edukativ Wäerter, déi mir dem Kand wëlle mat op de Wee gin.

Foto IconOp dëser Plaz sief nëmmen op de Charakter vun den eenzelnen Akteurë vun der Geschicht higewisen. Grondelement vun der Wëllefchersmethod as d´Spill: am Kanneralter léiert e Kand séng ëmwelt a séng Matmënschen am an duerch d´Spill begräifen . Wann ee méi wäit geet, kann een esouguer soën: d´Liewen as een eenzegt grousst Spill: all Dag léiere mir op en neits Saache bäi; et gin eng ganz Parti Regelen, no denen dëst Spill ofleeft; mee doriwwer eraus hu mir d´Méiglechkeet, fir bannen an dësem Kader selwer matzebestëmmen, wéi dat Spill leeft. ähnlech as et och bei de Wëllefcher: am Dschungel gët et e Gesetz a Regelen. Bannen an dësem Kader as den Eenzelnen awer fräi, selwer aktiv matzemaachen a matzegestalten. Datt dëst nët ouni „Training“ geet, as gewosst. Dat Spill zitt sech iwwer Joëren hin; esou kann d´Kand lues a lues an enger familiärer Gemeinschaft (souwuel am Ruddel wéi och an der Sizaine) wuessen a räif gin (perséinleche Fortschrëtt).

Am Ufank vum Wuessen a vun dem Wee duerch den Dschungel steet de Mowgliposter: Nodeem d´Kand sech entscheed huet (no 3 Méint) fir bei de Wëllefcher ze bleiwen, kann et säi Wee als Mowgli ufänken. De Mowgli as deen Neien, den Onerfuerenen, dee Scheien, deen, dee vill bäiléiere muss, fir kënnen an engem frieme Milieu z´iwwerliewen. Als Zeeche vu sénger Zougehéieregkeet zu dëser Gemeinschaft kritt hien da vu séngem Ruddel de Foulard iwwerreecht. Elo geet et dann drëms, fir e ganze Koup Fähegketen ze entwéckelen, dëst nët nëmmen um Niveau vu Kierper a Geescht, mee och um Niveau vum Grupp, an deem de Mowgli lieft: ouni dës Gemeinschaft, op déi hien ëmmer ziele kann an déi hien nët fale léisst, wär hie verluer.

(Quell: lgs.lu)

Fir Wëllefcher Fotoën : klick hei !