Villmools Merci !

AdventskranzDen 29.11. hate mir erëm eisen Adventsmaart am Zentrum vu Bartreng. Mir sinn duerch d’Stroosse vu Bartreng gaang, fir handgemaachten Adventskränz ze verkafen. Den Erléis vu ganzer 2.850 € ass fir de Projet Dr Catherine Huberty, fir eng Maternité am Burkina Faso.

Villmools Merci jidderengem:

  1. De Bartrenger villmools Merci fir hier Ënnerstëtzung fir dëse Projet beim Kaf vun engem Adventskranz an/oder engem Arrangement
  2. De Cheftainen a Chef, mee och all de Guiden a Scouten, hire Mammen a Frënn e grousse Merci, déi beim Adventskränzmaachen, Opriichten, Verkafen an erëm Ofriichte gehollef hunn.

Jidderengem eng ganz schéin Adventszäit, friddlech Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat Neit Joer!