Montée 2015

mamerwiselenDe Weekend vum 3. op de 4. Oktober hate mir eis Montée vun dësem Joer zu Mamer am Chalet.

D’Montée, wéi den Numm et seet, as e Weekend, wou déi eelst aus all Branche an déi nächst Alterskategorie „klammen“. Dat heescht datt d’Wëllefcher vun 11 Joer an d’AvEx, d’AvEx vu 14 Joer an d’CaraPio an d’CaraPio vu 17 Joer an d’RaRo kommen.

Um Programm stinn deelweis gemeinsam Aktivitéiten wéi eis Veillée oder Nuetsspill um Samschdeg Owend. Et goufen natierlech och Muttprouwen, déi déi jeweileg Branche fir hier „nei“ Membren préparéiert huet. Déi „al“ aus all Branche kruten en Abschied vun den Alterskollegen gemaach, wéi zum Beispill d’AvEx, déi e Parcours mat Buerféiss an engem Ee ënnert der Feescht um Programm haten. Déi „nei“ goufen ënnert anerem vun hieren eeleren Alterskolleegen gefiddert. D’RaRo am Géigenzuch haten hier Montée matten an der Nuecht mat Muttprouwen am Bësch.

E flott Erliefnis iwert dat all eenzel Guiden a Scouten nach eng laang Zäit kënne schwätzen a mat vill Stolz kënne behaapten, wat si alles matgemaach hunn.

Foto Icon