Fotoën an LW-Artikel vum Scoutstheater „Zäitmaschinn“

Foto IconLéif Leit! Léif Scouten! Léif Frënn!

E Samschdeg, den 19. Mäerz, hate mir, d’Bartrenger Guiden a Scouten, eise Scoutstheater 2016. D’Thema vun dësem Joer war „Zäitmaschinn“.

Link vun de Fotoën

Eis 4 Branchen (Wëllefcher, AvEx, CaraPio a RaRo), mee och eis Chef, hu sech och dëst Joer erëm ganz vill Méi ginn fir Iech e flotten Nomëtteg an/oder Owend ze bereeden! Mir hate, wéi all Joer, erëm 2 Virstellungen: um 15:00 an um 20:00, an zwar zu Bartreng am „Centre Atert“.

Hei fannt Dir den Artikel a Fotoe vun eisem Scoutstheater vum leschte Joer: klick hei

Um Owend selwer hate mir och eis Chèqueiwwerreechungen vu jeweils 1.200 EUR un Andamos a.s.b.l. a Spëndchen a.s.b.l. maachen. Nach emol villmools Merci un all déi Leit, déi eis um 1ten Advent ënnerstëtzt hunn.

Hei as den Artikel vum 15ten Abrëll 2016 aus dem Luxemburger Wort:

Wort 2016_04_15

Eisen Artikel vum Adventsmaart fannt Dir direkt hei ënnendrënner:

Villmools Merci!

 

Hei fannt Dir den Artikel vum Theater vum leschte Joer:

Fotoë vum Scoutstheater „Bartreng-les-Bains“