24.11.2016: Adventsmaart

15181525_813618035446846_7162580560901107128_n

Um Adventsmaart vun de Bartrenger Guiden a Scouten (virun der Bartrenger Kierch) konnt een dëst Joer folgendes kafen:

  • Adventskränz
  • Chrëschtstraiss
  • ChrëschtarrangementerFoto Icon
  • GANZ NEI: Kränz fir un d’Dier ze hänken
  • Glühwäin

Eis Guiden a Scouten goungen och deselwechten Nomëtteg Adventskränz, Chrëschtstraiss an -Arrangementer duerch d’Bartrenger Stroosse verkafen.

Fotoen fannt Dir bei eis op Facebook (klickt hei)

Den Erléis as natierlech erëm fir e gudden Zweck, an zwar dës Kéier fir de GoSupport! Dëst as e Fong, an deem mir Sue sammelen an deen eis et erméigleche soll, d’Rees vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner op eisen Internationale Guiden a Scoutscamp „GoUrban 2017“ ze finanzéieren.

Méi Info op

http://GoUrban.lgs.lu/Go-Support/

 

D’Chèqueiwwerreechung as samschdes owes, den 8.4.2017, op eisem Bartrenger Guiden a Scouts Theater. Hei hannendrun fannt Dir den Artikel mat Fotoën vum leschte Joer: Link vum Artikel (hei klicken!)

gosupport