Fotoë vum Summercamp „Diaboli Alupivex“

diaboli_alupivex

Eis Wëllefcher an AvEx hate vum 4. bis 9. September (Wëllef) respektiv bis den 12. September 2016 (AvEx) hiere Summercamp „Diaboli Alupivex“, an zwar zu Ernzen an Däitschland!

Ernzen huet 450 Awunner a läit vis-à-vis vun Iechternach, op der anerer Säit vun der Sauer, an der Südäifel. Als Südäifel bezeechent een d’Äifelregioun am Kreess Bitburg-Prüm am Bundesland Rheinland-Pfalz, am anere Sënn och d’“Verbandsgemeinde Südeifel„, zu däer och Ernzen zielt. D‘Teufelsschlucht as landbekannt an entstoung géint Enn vun der leschter Äiszäit, also virun ca 10.000 Joer, an zwar als Folleg vun engem Fielsstuerz bzw. enger Serie vu Fielsestierz. Zu der Regioun gehéiert och den Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark.

D‘Wëllefcher hunn an Hütten um „Naturerlebniscamp“ zu Ernzen geschlof. Si waren direkt niewent dem „Jugendzeltplatz“, wou d‘AvEx geschlof hunn. D’AvEx hunn hei hier eege Kichen aus Holz a Brellageseeler gebaut. Si hunn an Zelter geschlof an ënnert anerem en Hike vun 2 Deeg mat Iwwernuechtung ënnert fräiem Himmel op enger Buerg gemaach.

Zësummen haten si een Thema: „Diaboli Alupivex“. Jidfer Branche haten hiere Programm fir sech.

D’Fotoë vun eise Wëllefcher: klickt hei!

D’Fotoë vun eisen AvEx: klickt hei! (dës Fotoë goufe (bal) all vun den AvEx selwer gemaach)

Foto Icon

AvEx

Foto Icon

Wëllefcher

 

 

 

 

 

 

D’nächst Joer steet de groussen Internationale Guiden- a Scoutscamp Go|Urban 2017 um Programm, an zwar vum 18. – 28.7.2017. 5.000 Guiden a Scouten aus der ganzer Welt kommen dann an d’Stad op de Kierchbierg campéieren! Wann Dir eis wëllt hëllefen, ob während dem ganze Camp oder just e puer Deeg, schreift iech an op Join.GoUrban.lu. Méi Info iwwert de Camp op www.GoUrban.lu.

GoUrban logo

www.GoUrban.lu