2.12.2017: Adventsmaart

Um Adventsmaart vun de Bartrenger Guiden a Scouten hate mir dëst Joer erëm folgendes verkaf :

  • Adventskränz
  • Kränz fir opzehänken
  • Chrëschtstraiss
  • Chrëschtarrangementer
  • Glühwäin

Eis Bartrenger Guiden a Scouten waren och deselwechten Nomëtteg erëm Adventskränz, Chrëschtstraiss an -Arrangementer duerch d’Bartrenger Stroosse verkafen.

Den Erléis as natierlech erëm fir e gudden Zweck, an zwar dës Kéier fir 2 Associatiounen: „Make a Wish“ vu Bartreng an d'“ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt„.  Villmools Merci fir Äer Ënnerstëtzung !