Den 22. Februar ass Thinking Day!

Den 22. Februar ass de Gebuertsdag vum Lord Robert Baden-Powell an der Lady Olav Baden-Powell.

Weltwäit gëtt dësen Dag och “Thinking-Day” genannt.

Fir dësen Dag dëst Joer speziell ze feieren, maache mir den Opruff, dass all Guiden a Scouten, Cheftainen a Chef, je jiddereen deen zu eis gehéiert säi Foulard undeet, sief et fir schaffen ze goen, akafen oder erauszegoen. Leider fällt den 22. Februar an Vakanz, vill Guiden a Scouten hätte mam Foulard an d’Schoul kënne goen.

Et wier flott wann der de Leit dobaussen gifft matdeelen, dass et eisem Grënner a senger Fra hire Gebuertsdag ass an dass mir 100 Joer feieren!


Also den 22. Februar gëllt: Jiddereen säi Foulard undoen!