Merci, Chef-Scout!

Jiddereen huet et matkritt… Eng traureg Nouvelle gouf et den 22.4.2019: eise Scouts-Chef, de Grand-Duc Jean, ass moies um 0:25 vun eis gaangen.

Eist häerzlechst Bäileed un déi groussherzoglech Famill!

Zënter dem 28.10.1945 war de Groussherzog Jean Chef Scout vun der LBSA (,Luxembourg Boy Scout Association‘). Viru Kuerzem huet hien nach mat eis zesummen déi 100 Joer LGS an enger Séance académique gefeiert!

Vill Net-Scouten hu sech gefrot, wat de Krees mam Punkt an der Mëtt wëll heeschen? Hei e Versuch vun enger kuerzer Erklärung:

D’Zeechen gëtt vill bei de Guiden a Scouten als Pistenzeeche benotzt. Hei gëtt et oft fir Bëschspiller geluecht (mat Steng). Dëst Zeechen heescht, datt d’Aufgaben erfëllt sinn an datt d’Spill zu Enn ass.

D’Zeeche mam Krees an dem Punkt ass och um Grafstee vum Grënner vun de Scouten, dem Lord Robert Stephenson Smyth Baden-Powell. Hie gëtt vun de Scoute weltwäit och einfach B.P. (englesch ausgeschwat) genannt.

Eisem Grand-Duc wollte mir déiselwecht Éier erweisen an dofir hunn d’Guiden a Scouten sech fir datselwecht Zeechen entscheet, wéi fir de B.P.! Och eise Grand-Duc huet seng Aufgaben all erfëllt!

Leschte Sonndeg hate ronn 1000 Guiden a Scoute vun den LGS an der FNEL um Stäremarsch deelgeholl an zesummen eng “Châine des adieux” forméiert. 240 Guiden a Scouten aus deenen 2 Scoutsverbänn stoungen och herno nach niewent den Zaldote Spaléier, fir dem Chef-Scout esou déi lescht Éier z’erweisen.

Monseigneur, villmools Merci fir Ären Engagement an de Lëtzebuerger Guiden a Scouten!

Fotoën op lgs.lu: Ce n’est qu’un au revoir