#ScoutenDoheem: Aktivitéit fir eis CaraPio

Léif CaraPio!

Wéi dir all wësst si wéinst dem Coronavirus am Moment keng Guiden- a Scoutsversammlungen.

Fir deem entgéintzewierken, huet de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten d’Aktioun #ScoutenDoheem lancéiert.

All Woch publizéieren déi verschidde Branchen op www.lgs.lu flott Aktivitéite fir Doheem.

Mir hoffen datt dir d’Zäit bis déi nächst Guiden- a Scoutsversammlungen esou besser iwwerbrécke kënnt.

Falls du eng Foto erop luede wëlls, da maach dat iwwert dëse Link: www.lgs.lu