Invitatioun BGS Quizowend – 01.04.2023

⚜D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen Quizowend, den 1. Abrëll am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.
⚜ Wou a bis wéini muss ech mech umellen ?
Umeldung iwwer: https://www.lgsbartreng.lu/wordpress/bgs-quiz/
D’Umeldungen sinn bis den 26.03.2023 op.
⚜ Wéivill kascht et ?
Präis inklusive Iessen (Pakalu): 15€ pro Persoun.
⚜ Wéivill Leit kënne maximal pro Team matmachen ?
Gespillt gëtt a Gruppe vun 4-6 erwuessene Leit.
Mir freeën eis op iech!