Scouts-Wisefest 2024

De Weekend vum 29 an 30 Juni 2024 ass eist Scouts-Wisefest zu Bartreng am Duerfgaart.

Lass geet et Samschdes um 18h00 an dir kënnt gären eppes vum Grill, Fritten oder en traditionelle Pakalu iesse kommen.
Um 19h00 starte mir eng Veillée mat Lagerfeier fir Grouss a Kleng. Um 22h00 ass de Schluss mat Marshmallows um Féier.

Sonndes starte mir ab 11h30. Kommt laanscht eppes iessen an drénken. Mir verwinnen iech deen Dag mat Gegrills, Haxen, Fritten Pâtisserie an och Eisekuchen.
Fir d’Kanner hu mir ganzen Dag iwwer verschidden Ateliere, wéi zb eng Seelbunn, Face-Paint, Risen 4 gewinnt, Risen Malen nach Zahlen bis hin zu Schwämm schéissen an nach vill mei.