Villmools Merci!

Den 28.11. hate mir erëm eisen Adventsmaart am Zentrum vu Bartreng. Mir sinn duerch d’Stroosse vu Bartreng gaang, fir handgemaachten Adventskränz, -arrangementer a -straiss ze verkafen. Den Erléis vu ganzer 2.400 EUR as erëm fir e gudden Zweck: Andamos a.s.b.l. a Spëndchen a.s.b.l..

D’Chèqueiwwerreechung vu jeweils 1.200 EUR gët den 19.3.2016 op eisem Bartrenger Guiden a Scouts Theater iwwereecht.

Villmools Merci jidderengem:

  1. De Bartrenger villmools Merci fir hier Ënnerstëtzung fir dëse Projet beim Kaf vun engem Adventskranz an/oder engem Arrangement
  2. De Cheftainen a Chef, mee och all de Guiden a Scouten, hire Mammen, Pappen a Frënn e grousse Merci, déi beim Adventskränzmaachen, Opriichten, Verkafen an erëm Ofriichte gehollef hunn.

Hei hannendrun fannt Dir den Artikel mat Fotoën vum leschte Joer: Link vum Artikel (hei klicken!)