25.7. – 3.8.2016: CaraPio Summercamp zu Kandersteg

logo_kiscEis CaraPio fueren haut op hire Summercamp, an zwar an d’Schwäiz op Kandersteg!

Kandersteg läit um Enn vum Kandertal am Kanton Bern, op 1.174 m Héicht. Eis CaraPio zelten am Kandersteg International Scout Centre (KISC). Zënter 1923 ass et en Treffpunkt fir Guiden a Scouten aus der ganzer Welt. Et ass ee vun aktuell 3 Weltzentre vun der World Organization of the Scout Movement (WOSM). All Joer kommen iwwer 12.000 Guiden a Scouten aus 40 Natiounen heihi campéieren. Wéi een dat bei de Scoute gewinnt ass, schaffen och hei zu Kandersteg fräiwëlleg Guiden a Scouten aus ville verschiddene Länner.

Mir wënschen der CaraPio Trupp e ganz schéine Summercamp a vill Spaass an de Schwäizer Alpen!

Kisc_Chalet scoutwiki-org