An engem Joer: Go|Urban 2017
A genee engem Joer wäert um Kierchbierg eng Guiden- a Scoutsstad mat 5.000 Awunner aus alle Kulturen entstoen. De Kierchbierg erlieft d’Kreatioun vu sengem gréissten, neisten, autonoomsten a nohaltegste Quartier
Am Summer 2017 (vum 18. bis den 28. Juli) realiséiert de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) dës Erausfuerderung a Form vun engem internationale Camp fir Kanner a Jonker tëscht 6 an 23 Joer.
Den Challenge ass et, aus alle Länner, mat deene mer bis ewell Kontakter a Projeten haten, Memberen op de Go|Urban ze invitéieren, wéi z.B dem Senegal, Niger, Haiti, Bosnien, Georgien, Ethiopien …
Dofir gouf de Go|Support Fong gegrënnt, e Fong, an deem mir Sue sammelen an deen eis et erméigleche soll, d’Rees vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner ze finanzéieren.
Maacht mat, dass de Go|Urban dee gréissten internationale Camp gëtt, deen d’LGS bis ewell hei am Land organiséiert hunn.
Op der Homepage fannt Dir och de Flyer :
Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken
BILLULL LU95 0025 1738 1154 8100
mat der Mentioun: Go Support
D’Donen un d’Fondatioun kënnt Dir vun de Steieren ofsetzen!
w w w . G o U r b a n . l u
www.facebook.com / G o U r b a n 2 0 1 7