Fotoën vun eisem Scouts-Wisefest

20160702_191853bisDe Bartrenger Guiden a Scouten hiert Scouts-Wisefest, kuerz virum Enn vum Schouljoer, huet schonns eng laang Traditioun. Et hat och dëst Joer erëm e grousse Succès!

Eist Fest ass fir vill Leit zu engem feste Rendez-vous ginn, a soll fir si an och fir all d’Guiden a Scouten e flott Erliefnis an en Ofschloss-Fest vum Scouts-Joer sinn.

Samschdes nomëttes haten d’Wëllefcher an d’AvEx zesummen eng flott Versammlung mat e ganze Koup Atelieren.

20160702_181339Samschdes owes hate mir eng Open Air Mass mat ganz ville Leit aus der Gemeng. Duerno gouf et ënnert anerem e gudde Pakalu (en traditionellt Scoutsiessen), mee och guddt Gegrilltes! Méi spéit am Owend haten d’CaraPio eng Veillée virbereet mat flotte Spiller fir Grouss a Kleng. Duerno konnte mir d’EM op enger grousser 4m Leinwand kucken! Super Stëmmung aus béide Lager, friddlech mateneen!

20160702_194304Sonndes moies hate mir eis 3t Editioun vun eisem Familljen-Rallye. Hei hunn 12 Equippe mat 60 Leit matgemaach a sinn duerch dat ganzt Duerf op 5 Statioune gestouss. Jiddereen, déi kleng Däbbessen an hier Elteren, huet sech gutt ameséiert. An der Mëttesstonn gouf et traditionell e Fierkel um Spiiss, mee natierlech och vill aner lecker Saachen!

20160703_132054Nomëttes goufen et Spiller vun all Zort! Eis Klengst, mee och déi Grouss haten hire Spaass! Déi Erwuessen hunn interesséiert den Tour de France gekuckt.

Am nächste Scoutsjoer kann elo schonns de Weekend vum 1./2. Juli 2017 notéiert ginn!

Hei fënns du nach FotoënFoto Icon