Branchen Aktivitéiten vun de leschten Deeg

6.5.2017: Eis Bartrenger Wëllef waren haut de Metten an der Stad op der Sich nom Mister X! Wéi si verschidde Rätsele geléist haten an de Spuere vum Mister X nogaange sinn, hunn si hie schliisslech an de Menge vu Leit um Mäertche fonnt! Och wann d’Wieder net ganz matgespillt hat, waren si top motivéiert, all Eck vun der Stad ze duerchsichen!;) Dono kruten si als Belounung eng gutt Glace 🙂

 

29.4.2017: De Go Urban Camp 2017 kënnt ëmmer méi no an dofir bereeden d’Bartrenger Avex sech fläisseg vir. An der Versammlung vum 29. Abrëll stoungen deemno divers Seel-, Kniet- a Konstruktiounstechniken um Programm…

 

1te Mee mat Meekranz bauen, duerno Gegrills mat Alles 😉

 

Falls Du un eisen Aktivitéiten interesséiert bass, komm einfach an eng vun eise Branche-Versammlungen oder treff eis op enger vun eise gréisseren Aktivitéiten!

D’Aktivitéite vun den nächste Méint fënns du an eisem Agenda: klick hei

 

WëllefcherAvexLogoCarapioLogoRaroLogoalbatrossen