28.11.2020: Adventsmaart

Wéi all Joer, hu mir och dëst Joer erëm eisen traditionellen Adventsmaart! Leider kënne mir dest Joer allerdings net duerch d’Stroosse verkafe kommen!

Wou? Am Zentrum vu Bartreng, direkt virun der Kierch.

Wéini? Samschdeg, 28.11.2020.

Ab 10:00 geet et lass, bis näischt méi do ass! Mir verkafen:

– grouss Adventskränz
– kleng Adventskränz fir opzehänken
– Arrangementer

De Bénéfice geet dest Joer un d’Stëmm vun der Strooss!

N.B.: Mir halen eis natierlech un déi aktuell Sécherheetsrecommandatiounen! Do dofir och w.e.g. deng Mask un!

#NetOuniMengMask