Krëschtaktioun: Sich a fann!

Dëst Joer hu mir eis fir d’Krëschtzäit eppes Neies iwwerluecht! An zwar kanns du zënter dem 3ten Advent bis Silvester an de Fënsteren zu Bartreng eng Fleur de Lys entdecken (esou eng wéi um Flyer).

Maach dech op d’Sich an hal d’Aen op bei dengem nächsten Trëppeltour duerch d’Duerf. Wann’s du eng Fënster fënns, maach eng Foto a schéck së eisem Webmaster: web(ät)lgsbartreng.lu.

D’Fotoe ginn dann op Facebook gesat an da kucke mir, ob a wéini mir all d’Fënsteren zesumme fannen.☺️🎄☃️

Vill Spaass dobäi a #bleiftgesond 🎄