D’LGS Bartreng an Trauer

De Grupp „Saint-Exupéry” vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d'“Frënn vun de Bartrenger Guiden a Scouten“ denken haut un hire fréieren Aumônier

Ferdy Fischer

deen eis d’lescht Woch verlooss huet. Hie wor 1974 dreiwend Kraaft bei der Grënnung vun de Scouten zu Bartreng.

Säi Paschtoueschhaus wor en Haus mat oppenen Dieren, wou d’Jong Meedercher an d’Lëtzebuerger Kanneraktioun LKA sech getraff hunn a wou 1988 säi grousse Wonsch, d’Grënnung vun de Guidë „Saints Pierre et Paul“, an Erfëllung gaangen ass.

De Ferdy Fischer huet duerfir gesuergt, datt en Terrain zu Verfügung gestallt gouf, datt fläisseg Hänn an engagéiert Entreprisen en Home fir d’Guiden a Scouten opgeriicht hunn. Dësen Home wor an ass fir vill Guiden a Scouten déi Plaz, wou si hir kreativ Aktivitéite kënne gestalten. Als Aumônier vun eisem Grupp wor hie bei Theater, Wisefest, Chrëschtmäert, an esou munchen Aktivitéite wéi d’Campen derbäi.

Senger Famill drécke mir eist opriichtegt Bäileed aus. D’Bartrenger Guiden a Scouten an d’Frënn soen Dir, Ferdy, e grousse Merci fir dat onermiddlecht Engagement.

Erënnerungen un eise fréieren Aumônier Ferdy Fischer

vum Antoinette, genannt Tun Demuyser-Steinmetz, fréier Gruppecheftaine

 Et si schonn op d’mannst 46 Joer hier, dass den Här Fischer, oder wéi mir en all genannt hunn, „ de Ferdy“, ëmmer eng oppen Dier fir d’Jugend hat. Den Här Fischer huet déi fréier Jong Meedercher – LKA Lëtzebuerger Kanner Aktioun niewent engem Grupp Jugendleche vu Stroossen a Bartreng zënter Jore begleet. Weekend a Vakanzen hu mir haaptsächlech an de Bierger oder an de Vogesen zesumme verbruecht. Ëmmer erëm huet hien et fäerdeg bruecht, eis mat senger ganzer Energie ze iwwerzeegen.
Sou hate mir an de Vogesen eng ganz einfach banal Nuetssortie – hunn eis et um Buedem bei klorem Himmel gemittlech gemaach an den Här Fischer huet eis Stären, wéi, groussen a klenge Won – Mëllechstrooss an …… erkläert. Oh wéi schéin dat ass, jo mega, a scho koumen d’Tréine gelaf, chaotesch ass een deem aneren ëm den Hals gefall an d’Cheffen hunn 1 Stonn gebraucht fir d’Mädels ze berouegen. Resultat: Ech hätt ni geduecht, dass d’Nuecht an den Himmel esou schéi kéinte sinn. Den Här Fischer hat einfach de besonnesche Feeling fir d’Jugend ëmmer erëm ze begeeschteren.
Hei eng vu senge Liblingsgeschichten. Beim Krich spille sinn ech a Glas gefall a si mam Ferdy bei den Dokter gefuer. Den Dokter zum Här Fischer: Wëll dir net eventuell dobausse waarde, well ech muss elo bitzen. Nee, nee, sot hien, ech kucken no an huet no 5 Min. kleng bäiginn, ech ginn e bësschen an d’Loft. Wiem war et schlecht ginn an ass ëmmer méi kleng a wäiss am Gesicht ginn? dem Här Fischer. Den Drauwenzocker war fir hien, mir goufen eppes drénke well Autofuere goung guer net. Sou war hien. Fir een do sinn – staark a keen am Stach loossen.
Eng weider Plaz, wou den Här Fischer gär mat der Jugend gaangen ass: Taizé. Bekannt ass Taizé fir Jugendtreffen a Retraiten.
Desweidere war och Musek säi Liewen an huet e Kannerchouer gegrënnt, an déi eng oder aner Musekskassett koum op de Maart a war frou wann déi fréier Chorale des Jeunes eng flott mat Instrumenter opgepeppte Mass gesongen hunn.
1974 war den Här Fischer dreiwend Kraaft bei der Grënnung vun de Bartrenger Scouten Saint-Exupéry an 1988 ass dunn e weidere grousse Wonsch an Erfëllung gaangen. D’Grënnung vun de Guiden Saints-Pierre-et-Paul. Den Här Fischer war a sengem Element. Scout/Guide ze sinn o Jongen Jongen dat ass schéin, Scout ze sinn dat ass dat schéinste Gléck!!!!!
Hei nach déi eng oder aner Anekdot, sief et op engem Weekend zu Lëtzebuerg oder am Ausland.
Sou ware mir op engem Weekend zu Bilschdref, wou den Här Fischer owes nokomm ass. Fir d‘Kanner ze erschrecken hat hien sech eng Decken ëmgeschloen de Berret um Kapp an huet un all Fënster geklappt. „Hei ass en alen aarme Mann an hätt gären eppes z’iessen“. Reaktioun vun de Kanner: Här Fischer dir kënnt roueg erakommen, mir wëssen dass dir ët sidd. Hien huet natierlech net dra gelaut an dat as esouwäit gaangen, dass Kanner e ganzt mulmegt Gefill kruten. Uff dir sidd et awer: dir hat eis elo schéi fäerte gedoen.
1988 si mir op de Grand St. Bernard gefuer. Um Wee dohinner ass et dem Här Fischer schlecht ginn – ass bei den Dokter gaangen a koum an d’Klinik. Mir si weider an den Hospice gefuer bei den Père Berthouzoz an hunn eis aquartéiert. Owes beim Nuetiesse koum d’Iwwerraschung vum Père Berthouzoz. Den Här Fischer hat sech an der Klinik selwer entlooss a well Stroossen total zougeschneit waren a keng Autoe konnte fuere koum hie ganz einfach mat engem Schlitt, dee Stroossen fräi gemaach huet, erop. Mir waren natierlech begeeschtert a sinn hien emol gläich besiche gaangen. Hien hat sech esou ënnert der Bettdecke verkroch dass mir hie bal net erëm fonnt hunn.
Eng aner Kéier, wou mir mam Zuch ënnerwee waren. Mir setzen am Zuch, den Zuch fiert a mir wénken nach just dem Här Fischer senger Mapp no déi um Quai stoung.
An och bei eiser Fuesparty huet hien sech et net huele gelooss fir mat ze feieren an sech ze verkleeden.
Sou war hien, eisen Här Fischer „Ëmmer bereet – ëmmer um Dill – hëllefsbereet„ a sidd dir moies um 3 oder 4 Auer laanscht Parhaus gaangen oder vum Bal komm, konnt dir sécher sinn dass beim Här Fischer d’Luucht am Büro gebrannt huet. Hien hat et iergendwéi net esou mat der Zäit.
Merci Här Fischer fir Är Frëndschaft – Ären Asaz – Äert onermiddlecht Engagement – déi gutt Zesummenaarbecht – déi vill flott Momenter, déi mir konnten zesumme beim Lagerfeier verbréngen.
Merci fir Är Ënnerstëtzung

M E R C I

Erënnerung aus der Wichtelzäit

vum Nadine Schares, fréier Gruppecheftaine

Ech wor an de Wichtel zu där Zäit wou de Ferdy Aumônier bei eis wor. Säin Laachen a seng waarm Ausstralung ass eppes wat fir ëmmer hänke bliwwen ass.
Mir woren alleguer „seng Hiesercher“ och nach 20 Joer duerno wann een en éierens begéint huet.
Wien kennt dann nach d’Lidd „In Chinesien“?:
In Chinesien, in Chinesien,
da lebte einst ein holdes Wesien,
und in dieses war verliabet
ein Grossmogul aus Tiabet,
Qum quai qualli molli telli molli nassi qum quai quia qum quai quai o nico demo,
chawa chawa chin quai quai,
chin chan chin chan wutz kalewitzki …. An sou weider
Wat hunn ech dat mam Catherine an deenen aner Wichtel erop an erof gesongen.

Abbé Ferdy Fischer, prêtre selon le cœur de Dieu (1932-2020)

par Marie-Christine Ries, cathol.lu

L’abbé Ferdy Fischer était un homme d’une foi profonde et d’un engagement infatigable au service des autres.
Pendant ses presque 63 années de prêtrise, il a témoigné de l’amour inconditionnel de Dieu pour chaque personne. Cet engagement avait de nombreuses facettes : la création de l’ONG « Chrétiens pour le Sahel », son engagement pour les personnes réfugiées, sa disponibilité à se laisser déranger à tout moment par la personne qui avait besoin de son écoute, de son conseil, de son accompagnement spirituel, de son porte-monnaie. Il avait une sensibilité particulière pour les thèmes socio-politiques ainsi que pour la recherche de la justice. Il n’a pas hésité à aborder ces thèmes lors de ses homélies ou de lettres à la rédaction.
Son don d’ouvrir des personnes à une intériorité et par là donner goût à la foi au Christ, a toujours marqué son engagement pastoral, particulièrement dans ses multiples activités avec les enfants et les jeunes. Le « Belairer Bouwechouer » ainsi que les Scouts, les Jongmeedercher et les Guides et Scouts à Bertrange, les Grands Acolytes de Mersch, pour n’en citer que quelques-uns se souviennent de tout ce qu’il leur a transmis lors des camps, des vacances, des messes célébrées.
Son témoignage joyeux de la foi en Dieu, son humilité, sa facilité à entrer en contact, sa capacité d’écoute, son amour pour la musique et les montagnes, son endurance de travailler jusque très, très tard dans la nuit, son attachement à l’Église, et je pourrai continuer la liste, font que sa disparition nous fait mal. Mais nous rendons grâce à Dieu pour le prêtre Ferdy Fischer et pour tout ce qu’il nous a donné pour notre chemin de vie et de foi.
Ferdy, A-Dieu et Au-Revoir.