BGS Quizowend
BGS Quiz – Edition 2023
Gudden Moien & Bonjour,
D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen Quizowend, den 1. Abrëll am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe hei op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.
Detailléiert Informatiounen fir d’Iwwerweisung vun der Partizipatioun kriss du an enger Mail no denger Umeldung!
Wéini ?
1. Abrëll 2023 18:30 Auer ginn d’Dieren op an um 19:00 Auer ass de Start vum Quiz
Wou ?
Centre Atert zu Bartreng
Bis wéini muss ech mech umellen ?
D’Umeldungen sinn bis den 26.03.2023 op.
Waat kascht et ?
De Präis inklusiv d’Iessen (e Pakalu) kascht 15€ pro Persoun. Et gëtt och eng vegetaresch Optioun.
Wéivill Leit kënnen maximal pro Team matmachen ?
Gespillt gëtt a Gruppen vun 4-6 erwuessene Leit.
Wann’s du innerhalb vun 5 Minutten keng Email krus, dann kontrolléier eng kéier däin Spam-Ordner! Eis Bestätegungsmail lant heiansdo gären am Spamfolder. Wannsde och hei keng fënns, kanns du eis gären eng Mail iwwer eisen Kontaktformulaire schreiwen an nofroen!
cf7form shortcode key error, unable to find form, did you update your form key?