Wisefest 2021 – Packalu, Eisekuch & Famillje Rallye

Dëst Joer kënnt d’Wisefest bei iech heem!

 

Bestellt e Pakalu an en Eisekuch an kommt se den 4. Juli an den Duerfkär sichen.

Pakalu ass een typeschen Scoutsmenu mat Gromperen, Gehacktes,Tomaten, Ënnen, Kéis a Sauerrahm, wat um Feier gekacht gëtt.

Bestellt wgl bis den 27.Juni iwwert www.lgsbartreng.lu oder um: 691 661 053 (Demuyser-Steinmetz)
Take away ass zweschen 11:30 an 14:00 Auer an dir kennt iech fir eng bestëmmten Zäit androen, an där dir äert Iessen siche kommt.

Fir d’Bezuelungen huelen mir just Cash.
Eis Präisser: Pakalu 7€ an Eisekuch 2,5€

Och dëst Joer fënnt erëm eisen traditionellen Famillje Rallye duerch Bartreng statt.
Den Tuer wäert ongeféier 5km hunn, an ënnerwee waarden Statiounen mat Spiller op iech esou wéi een spannenden Froebou, deen dir an der Famill oder an ärer Grupp léisen musst.

Wann dir iech als Grupp ugemellt hutt kritt dir virum Depart eng Email mat der genauer Startzäit an dem Standuert.
D’Participatioun ass gratis. Kanner sinn gebieden ënner Begleedung vun engem Erwuessenen matzegoen.

Fir all Umellungen klickt ob: https://www.lgsbartreng.lu/wordpress/wisefest/