Invitatioun BGS Quizowend – 02.04.2022

⚜D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen Quizowend, den 2. Abrëll am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.
⚜De Quizowend wäert als Covid Check Event stattfannen. Mir wäerten dei Mesuren anhaalen déi dee Moment aktuell sind.
⚜ Wou a bis wéini muss ech mech umellen ?
Umeldung iwwer: https://www.lgsbartreng.lu/wordpress/bgs-quiz/
D’Umeldungen sinn bis den 26.03.2022 op.
⚜ Wéivill kascht et ?
UPDATE 28.03.2022 — Leider sinn eis Packalu’en ausverkaaft! D’Entrée kascht soumadder just nach 8€, 5€ & 3€ als Spend un eng Organisatioun déi sech fir d’Flüchtlingen aus der Ukrain asetzt.
Präis inklusive Iessen (Pakalu): 18€ pro Persoun. Vun deenen 18€ spende mir 3€ un eng Organisatioun déi sech fir d’Flüchtlingen aus der Ukrain asetzt. Konkret Détailer stellen mir Iech den Owend selwer fir!
⚜ Wéivill Leit kënne maximal pro Team matmachen ?
Gespillt gëtt a Gruppe vun 4-6 erwuessene Leit.
Mir freeën eis op iech!