BGS Quiz – komplett Digital Edition 2021

D´Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen digitale Quizowend, den 30. Abrëll 2021.Mell dech an deng Equipe op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen. Detailléiert Informatiounen inklusiv dem Link fir d’Participatioun kriss du an enger Mail no denger Umeldung!

De Wee zur Umeldung:

https://www.lgsbartreng.lu/wordpress/bgs-quiz/


⚜ Bis wéini muss ech mech umellen ?
D’Umeldungen sinn bis den 28.04.2021 op.

⚜ Waat brauch ech héivir ?
Am beschten en Tablet oder Laptop & en Smartphone. Den Quiz wäert um Handy kënnen beäntwert ginn & parallel leeft Moderatioun iwwer Zoom. Et mussen keng Apps/Programmer installéiert ginn.

⚜ Waat kascht et ?
Näischt, just e bëssen Ustrengung!

⚜ Wéivill Leit kënnen maximal pro Team matmachen ?
D’Team kann maximal zu 6 gebild ginn. Mir setzen dann dei eenzel Teammemberen an sougenannten „Breakoutrooms“ op Zoom zesummen, dass dir iech als Team berooden kennt.

⚜ Gëtt et eng Altersgrenz ?
Altersgrenz ? Nee. Viraussetzungen sinn just, dass en mat sengem Smartphone & engem Tablet eenz gëtt. Sprech ob eng Internetsäit goen kann & an en eng Zoomkonversation starten kann.Mir freeën eis op iech!