BGS Quizowend

BGS Quiz – Edition 2026


Gudde Moien & Bonjour,

D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eise Quizowend, den 28. Mäerz 2026 am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe hei op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.

 

Detailléiert Informatioune fir d’Iwwerweisung vun der Participatioun kriss du an enger Mail no denger Umeldung!

Wéini ?
28. Mäerz 2026 18:30 Auer ginn d’Dieren op an um 19:00 Auer ass de Start vum Quiz

Wou ?
Centre Atert zu Bartreng

Bis wéini muss ech mech umellen ?
D’Umeldunge si bis den 20.03.2026 op.

Wat kascht et ?
De Präis inklusiv d’Iessen (e Pakalu) kascht 20€ pro Persoun. Et gëtt och eng vegetaresch Optioun.

Wéi vill Leit kënne maximal pro Team matmaachen ?
Gespillt gëtt a Gruppe vu 4-6 erwuessene Leit.

 

Wann’s du innerhalb vu 5 Minutte keng Email krus, da kontrolléier eng kéier däi Spam-Ordner! Eis Bestätegungsmail lant heiansdo gären am Spamfolder. Wannsde och hei keng fënns, kanns du eis gären eng Mail iwwer eisen Kontaktformulaire schreiwen an nofroen!

Mir freeën eis op iech!

 

    Numm vum Team. Dësen kann net méi geännert gi. Dësen ass wichteg fir eis Quizapp an wäert ëffentlech am Ranking ze gesinn sinn.

    Numm & Virnumm vum Teamchef

    Eng gülteg Emailadress vum Teamchef.

    Wanns du nach Froen hues oder Zousatzinformationen lass wëlls ginn, dann kanns du eis dës hei matdeelen.